Téléphone:

(+352) 26 804 865

Courriel:

happynails@schennetten.lu

Jours d'ouverture:

LU-VE: 9.00-18.00 et Sa: 10.00-16.00

Happy Nails Sàrl

Eis nei Mataarbechterin: D’Madamm Miin CHOU

Fir eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht ze garantéieren, fir déi mir dobausse bekannt sinn an déi mir eis selwer als Standard setzen, war et net einfach, eis Equipe duerch eng gëeegent Fachkraaft, besonnesch an der medezinescher Foussfleeg, ze verstäerken.

Des Fachkraaft hu mir elo mam Miin fonnt. Mir sinn immens frou, wéi d’Miin sech a kuerzer Zäit an eis Equipe integréiert huet, wëssbegiereg ass a séier vum Angela, Solange an Yvette bäigeléiert huet – ëmgedréint awer och. 😉

D’Miin huet seng Etuden zu Bréissel an am Taiwan gemaach mat staatlech unerkannten Diplômer an der medezinescher Foussfleeg an an der Manikür. Desweideren huet hatt sech wärend den iwwer 10 Joer, wou hatt schonn am Beruff schafft, kontinuéierlech weidergebilt a spezialiséiert – vun deem elo och eis Clienten profitéiere kënnen.

Welcome Miin!

Happy Nails Sàrl

Eis nei Mataarbechterin: D’Madamm Suellen DIAS FONSECA

Vill vun eise Clienten hunn eis nei Verstäerkung scho kennen a schätze geléiert. Hatt kënnt bei hinnen duerch seng sympathesch an hëllefsbereet Manéier immens gutt un.

D’Suellen verstäerkt eis Equipp am Accueil a mir bilden hatt an de Finessë vun all eise Servicer aus – besonnesch an der esthetescher a medezinescher Foussfleeg.

Well d’Suellen immens interesséiert a wëssbegiereg ass, mëscht et dem Angela, Solange an Yvette ganz vill Freed, mat him hiert Wëssen an hiere jeeweilegen Aufgabefelder ze deelen. Esou kann hatt vun hirer laangjäreger Expertise profitéieren a séier seng Kompetenze weiderentwéckelen.

Ab Hierscht forméiert hatt sech wärend zwee Joer zu Namur als diploméiert médezinesch Pédicure.

Welcome Suellen an eiser Équipp! 🤩